Een groussen Merci un Luxcon Crew

Ech schwätzen hei een groussen Merci un ganz Luxcon Crew aus déi all Joer sech beméihen gudd Stëmmung fir Besicher ze verbreeden. Ech schreiwen dësen Artikel nik nëmmen well ech een Transformers 101 Panel konnt dësst Joer kréien, nee ech hun richteg matgesin waat Luxcon Crew säit Luxcon schon gët, organisatorësch op sech huelen fir Besicher, Verkeefer an Gäscht sech wuelfillen an kreien dachs déi genial Stëmmungerfahrung vun engem Besicher guer nik mat…An sie maachen dann awer weider an lossen sech nik ënnerkréien. Respekt !

Mee daat ass nik alles Luxcon Crew huet een Event op gebaut wou sech Geeks vun egel wéi enger Franchise wuel spiert an an deenen zwee Deeg gët een nik verurdeelt wann Leit nik dem Mainstream mat schwammen am géigendeel et get een dofir soguer belount duerch nei Kontakter knëppfen. Dofir emol een groussen MERCI !!!

Mannch Leit gesäit daat als Selbstverständlech un mee et soll een deenen Leit Feedback gin well waat sie leeschten ass eng Meeschterleeschtung an muss respektéiert gin.

Ech zu mengem Deel hoffen dass ech nees een Panel kann kréien an der nächster Luxcon an freen mech och wann ech keen Panel géif kréien nees op déi nächsten Luxcon well et ass Freet, aal Bekannschaften oder soguer neier kennenzeléieren an an deem Weekend sin Leit déi ech zu mindest begeint hun super Fein an Cool drop. Eppes wou den Alldaachslierwen eng Scheiw oofschneiden keint.

Free Comic Book Day Comics 2018 Lëscht

Ët ass zwar nach ë bëschen bis dohin mee hei schon mol Lëscht vun den Gold an Silver Comics vun Free Comic Book Day 2018.

Gold Comics Lëscht

Silver Comics Lëscht

Lo froet dir ierg wann dir dovunner nach nix héieren hudd waat ass Free Comic Book Day ma hei zwee Opklärungsvideoen.

An déi nächst Fro déi dir ierg eventuell stellt ass ween den Amerikanëschen Free Comic Book Day feiert ma Fantasy Box ass mol secher an eventuell nees den Reservoir.
Mee bei der Fantasy Box gët ët awer eng Konditioun an zwar krëtt een Gratis Comics wann een och een Comic/Manga bei him keeft, well déi Comics muss Fantasy Box an den Reservoir bezuelen fir se an hieren Shop ze kréien.
Wann ass den Free Comic Book Day ma den Free Comic Book Day 2018 ass den Samsteg 5ten Mee 2018.
Fir méi Infos zu den jewellegen Comics ze kréien gidd op Free Comic Book Day Säit.

Quell: freecomicbookday.com